Corona Map Luxembourg - Version 2020.04.12 @ 11:45

 Wëllkomm

Dëse Site ass eng privat Initiativ di soll derzou bäidroen e bessert Verständnis vum Profil ze kréien vun de Leit, déi op CoVID getest ginn sinn.

Dëst ass wichteg fir besser ze verstoe wou an wéi d´Leit sech infizéiert hunn.

Di gesammelt Daten sollen weidergeleet ginn un de Ministère de la Santé an déi Institutiounen di sech mat der Bekämpfung vum COVID befaassen.

Esou kënnen Moossnamen fir ëffentlech Gesondheet besser adaptéiert ginn an d´Pandemie besser an onsem Land géréiert ginn.

Jee méi Informatiounen, Dir – fräiwëlleg – bereet sidd ze ginn, ëmsou besser léist sech dat an praktesch Moossnamen ëmsetzen.

Dëst ass e Beitrag zur Fuerschung am Kontext vun "Citizen Science", ugereegt duerch en Artikel vum Prof. Dr. Claude Muller.

Wann Dir op CoVID-19 getest gouft, wiere mir frou wann dir bei folgender klenger Ëmfro matmaache géift.