Dateschutz & Impressum
Auteuren
De Site "Corona Map Luxembourg" as e Beitrag vun der Maker Community zu der Problematik vum Corona-Virus. Hien as an d'Liewe geruff gi vum Jean-Claude Feltes a Bob Fisch, no enger Iddi vum Prof. Dr. C.P. Muller. Fir Froen oder weider Erklärunge kennt Dir eis gären eng Email schreiwen op corona@tux.lu.
Corona Daten
Dëse Site huet als Ziel fir geographesch Daten iwwert Patienten déi sech mam Corona Virus COVID-19 infizéiert hunn oder och negativ getest goufen ze sammelen, fir können statistesch Analysen e maachen an se könne graphesch op enger Landkaart duer ze stellen.
D'Daten déi gesammelt ginn, gi vun de Leit op fräiwëlleger Basis era geschéckt.
Mir ënnerscheeden tëscht dräi verschidden Typpe vun Daten:
- Net-fakultativ: D'Postleitzuel, de Gebuertsdatum, Geschlecht, Test-Datum an Test-Labo vum gi fir déi statistesch Analysen an dat geographesch Positionnement gebraucht. Dëst sinn Daten déi an der enger oder anerer Form hei um Site verëffentlecht oder bei Bedarf u Wëssenschaftler weider gi ginn.
- Wichteg awer fakultativ: Heibäi handelt et sech em Informatiounen déi et erlaben de Verlaf vun der Krankheet hei am Land besser ze verstoen. Dës Informatioune ginn net hei um Site verëffentlecht, spillen awer eng Roll bei der statistescher Auswäertung.
- Fakultativ: Numm an Emailadress sinn Informatiounen déi am Kader vum Haaptzil vum dësem Site net relevant sinn, ma se géifen eis et awer, am Fall vun enger Fro oder Ongereimtheet, erlaben Iech ze kontaktéieren. Dës fakultativ Date gi spéitstens wann déi aktuell Corona Kris eriwwer ass erëm geläscht. Kontaktdaten ginn nemmen un Institutionen weiderginn, die sech professionell mat der Bekämpfung vun COVID-19 beschäftigen. Ween dat wëll kann och d'Läsche vu sengen Daten ufroen iwwer corona@tux.lu.
Web Server
Duerch Är Presenz op dësem Site, sammelt de Web Server déi selwecht Basisinformatioun wéi déi op deene meeschten anere Websäiten och. Dës Informatioune gi vu jidderengem gesammelt deen hei laanscht surft.
Dat sinn: Browser-Typ, d'Sproochepräferenz, de referenzéierende Site, d'IP Adress, Datum an d'Auerzäit.
All dës Informatioune bleiwen um Server, just e Joer laang, a ginn nëmmen am Fall vun engem Problem gekuckt. Dës Informatioune gi just fir d'Opstelle vu Server-Statistike gebraucht.